#TwittergewitterSämtlech CGDIS-Asätz live matverfollegen

Roy Grotz
En Donneschdeg ass den europäeschen Dag vum 112. Op deem Dag gëtt versicht, de Leit dobaussen en Abléck an d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter ze ginn.

Fir de Lëtzebuerger Standard vun der Rettungsnummer ass et de leschten Europa-Dag, deen an der aler Zentral op der Cloche d'Or gefeiert gëtt. Geschwë plënnert d'Ekipp mat hiren 33 Leit no 30 Joer an d'fuschnei CGDIS-Lokalitéiten zu Gaasperech. D'Chiffere vum 112 sinn impressionant: all zwou Minutten en Appell an all 7 Minutten eng Interventioun am Land vu benevollen oder haaptberuffleche Pompjeeën oder Secouristen.

Zejoert waren dat am Total bal 243.000 Appeller, déi beim 112 traitéiert goufen a bal 60.000 Asätz.

Well 2/3 vun allen Uriff um Standard vum CGDIS keng Interventioun mat sech bréngen, gëtt dréngend opgeruff, sech ënnert anerem nëmmen ze mellen, wann et sech ëm krank oder blesséiert Persounen handelt, bei Accidenter mat Blesséierten, Bränn, Iwwerschwemmungen oder Vergëftungen. All aneren Appell blockéiert onnéideg d'Telefonslinnen.

Duerch d'Pandemie ass den 112 och ewell responsabel, fir d'Better-Capacitéiten an de Spideeler ze rezenséieren an esou den Ambulanz-Transfert vu Patienten an dat gëeegentst Spidol ze organiséieren.

Fir den Europäeschen Dag vum 112 och visibel ze maachen, gëtt en Donneschdeg de ganzen Dag en "Twitter-Gewitter" organiséiert, sou datt all Interventiounen och "en temps réell" iwwer Twitter gemellt ginn. Dat kéinten also iwwer 160 Twitter-News vum 112 ginn.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO