
Onbekannter sinn an der Nuecht op e Samschdeg an d'Notaire-Etude an der Lonkescher Strooss agebrach an hunn aus dem Archivraum e Safe vun 150 op 60 Zentimeter matgoe gelooss. Wéi d'Police präziséiert wieren am geklaute Safe just Dokumenter, déi fir d'Brigangen oninteressant wieren. Dowéinst ass dovunner auszegoen, dass de Contenu wäert entsuergt ginn.
D'Police sicht no eventuellen Zeien. All Informatioun ass fir den 113 oder et kann ee sech op der Nummer 244404500 mellen.