
Zwee jonk Männer goufen op der Plaz vun direkt e puer onbekannte Leit ugeschwat an no e puer Wieder hunn déi dunn verlaangt, dass dës den Onéierlechen d'Wäertsaachen iwwerloossen. No enger kuerzer Géigewier ass et den Täter awer du gelongen, engem Affer e Rucksak ofzehuelen.
Persounen déi net wäit op enger Terrass souzen hunn dat ganzt vu Wäitem gesinn a sinn direkt dohinner gelaf, fir den Affer ze hëllefen. D'Täter sinn doropshin a verschidde Richtunge fortgelaf.
Wéi d'Affer spéider am Owend op der Stater Gare ware fir den Zuch heem ze huelen, ass hinne genee déi Persoun opgefall, déi de Rucksak geklaut a fortgelaf ass, och si stoung um Quai op den Zuch ze waarden.
Béid Affer hunn direkt de Sécherheetsdéngscht vun der Gare geruff, déi de Mann dunn op de Police-Büro begleet hunn. Dësen huet dunn och direkt de Rucksak zeréckginn. De Virfall gouf protokolléiert.
E Mëttwoch den Owend kuerz virun 21.30 Auer ass der Police en Auto zu Beetebuerg gemellt ginn, deen am Zickzack gefuer ass an ëmmer erëm gebremst an da Gas ginn huet.
D'Police konnt de Chauffeur an de Bäifuerer an der Rue Pierre Dupong stoppen, déi alle béid direkt ugefaangen hu mat diskutéieren a brëllen a sech net wierklech kooperativ gewisen hunn. E Mann soll hannert dem Steierrad gesiess hunn, allerdéngs huet d'Fra de Beamte géintiwwer behaapt, si wier gefuer. D'Besëtzerin vum Auto huet en Alkoholtest gemaach, deen negativ war, allerdéngs refuséiert, en Drogeschnelltest ze maachen. De Mann huet souwuel refuséiert, den Drogen- wéi och den Alkoholtest ze maachen. Nodeems d'Beamten de Mann e puer mol drop higewisen hunn, wat d'Konsequenze wieren, wann hie sech net op d'Prozedure géif aloossen, si béid Persounen awer bei hirer Ausso bliwwen. Se goufen doropshin alle béid protokolléiert, kruten de Führerschäin ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet.
An der Nuecht op e Freideg um 2.30 Auer gouf et en Accident an der Hollerecher Strooss bei deem 2 Autoen anenee gerannt waren. D'Fra, déi wéi et schéngt, responsabel fir den Accident war, hat ze vill gedronk. Si huet hire Permis missen ofginn a krut e provisorescht Fuerverbuet.