
Op Nofro hi sot eis den Direkter vu Sidest, datt dat mat den Aktivitéite vun engem grousse Schluechtbetrib an der Géigend zesummenhänkt an e Phenomen wier, deen ee gutt géif kennen.
Allkéiers, wa geschluecht géif ginn, da géif een dat an der Kläranlag gesinn.
Et géif sech ëm Wäschwaasser handelen a grad an enger klenger Kläranlag géif dat direkt opfale, well Blutt staark fierft.