PoliceRonn 70 Asätz wéinst Stéierunge vun der Nuetsrou an eng 50 Asätz wéinst Gestreits a Kläppereien
Haaptsächlech gemellt goufen ze haart Musek, Sträit tëscht Noperen, Knupperten souwéi Verstéiss géint d’Freedefeierverbuet
Verëffentlecht: 01.01.26 15:29, Update: 02.01.26 10:16
An der Nuecht vum Silvester op den 1. Januar hat d’Police landeswäit ronn 70 Asätz wéinst Nuetsrousstéierungen. An de meeschte Fäll konnt d’Situatioun berouegt ginn. An e puer Fäll waren d’Persounen awer net méi ze berouegen a goufen an de Passagearrest bruecht.
Ënner anerem:
- An der Stad huet eng alkoholiséiert Persoun an engem Café fir Onrou gesuergt an huet sech geweigert ze bezuelen. Wéinst aggressivem Verhalen an ëffentlecher Stéierung gouf si festgeholl.
- Zu Kielen huet eng staark alkoholiséiert Persoun an engem Haus randaléiert a gouf wéinst Gefor fir sech selwer an aner Persounen an den Arrest bruecht.
- Zu Hollerech huet eng alkoholiséiert Persoun de Passage vun engem Bistro blockéiert an d'Sécherheetspersonal beleidegt. Och si gouf no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest bruecht.