BautenaffärRoberto Traversini gouf um Stater Geriicht an zweeter Instanz fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Am November zejoert war den Ex-Buergermeeschter vun Déifferdeng um Escher Policegeriicht dowéinst nach zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro verurteelt ginn.
An der Affär geet et ëm d'Gebaier riets a lénks. Dat wäisst Gebai an der Mëtt huet näischt domat ze dinn.
An der Affär geet et ëm d'Gebaier riets a lénks. Dat wäisst Gebai an der Mëtt huet näischt domat ze dinn.

Dogéint war hien an Appell gaangen. D'lescht Joer war et zur Condamnatioun komm, well de Roberto Traversini ënnert anerem géint Artikele vum PAG a vum Bautereglement vun der Gemeng verstouss hätt.

Eng eeler Koppel vun Nidderkuer hat de viregte Gemengepapp op d'Geriicht geholl, well deen eng Baugeneemegung ausgestallt hat, duerch déi d'Leit eng Residence just hannert hiert Haus geprafft kruten. Den néidege säitlechen Ofstand vun 3 Meter wär dobäi net respektéiert ginn, hat et zejoert geheescht. Dat Urteel gouf, wéi gesot, de Mëttwoch de Moien zu Gonschte vum fréiere Politiker revidéiert.

Back to Top
CIM LOGO