Verloschter duerch CoronavirusRessortminister versprécht Ënnerstëtzung fir Betriber

Pierre Weimerskirch
Ënnert anerem de Secteur vun der Horesca huet scho Verloschter wéinst dem Coronavirus. D'Hotelieren hunn zum Deel Abousse vu bis zu 40 Prozent.
Coronavirus: Regierung versprécht Ënnerstëtzung fir Betriber
Ënnert anerem de Secteur vun der Horesca huet scho Verloschter wéinst dem Coronavirus. D'Hotelieren hunn zum Deel Abousse vu bis zu 40 Prozent.

D'Regierung ass prett, fir de Betriber ënner d'Äerm ze gräifen, déi duerch den Ausbroch vum Coronavirus ekonomesch Schwieregkeete kréien, d'Zil wier et d'Leit an der Aarbecht ze halen. Datt scho Betriber zu Lëtzebuerg Verloschter hunn, wéisst ënnert anerem de Secteur vun der Horesca. D'Hotelieren hunn zum Deel Abousse vu bis zu 40 Prozent. D'Auswierkungen op d'Hotellerie sinn den Ament scho staark ze spieren. Aktuell geet ee vun engem Minus vu 40 Prozent aus, esou de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot am RTL-Interview, datt Lëtzebuerg eng kleng an oppen Ekonomie wier an dofir och hei am Land negativ Effekter net wäerten ausbleiwen.

Duerch geziilt Moossname wéilt d'Regierung dësen Impakt offiederen. Esou kann d'Instrument vun der Deelzäitaarbecht a Fäll agesat ginn, wa Betriber finanziell Schwieregkeeten duerch d'Repercussioune vum Coronavirus hunn. Hei kann de Staat bis zu 80 Prozent vun de Salaireskäschten a verschiddene Fäll iwwerhuelen.

© RTL-Grafik

Een Instrument dat wärend der Finanzkris 2008/2009 vill agesat gouf a gutt gehollef hätt. Den Ament kann een de Käschtepunkt vun esou enger Mesure nëmme ganz schwéier aschätzen. De Franz Fayot: "Mir sinn determinéiert, fir eis dat eppes kaschten ze loossen, well et sech och gewisen huet 2008/2009, datt et gutt war, datt d'Betriber hir Leit konnten halen och wärend der Krisephas, fir dann duerno erëm richteg duerchzestarten. Et ass ee Mechanismus, op deen och d'Betriber aus dem Horesca wäerten an den nächste Wochen zréckgräifen. Et ass eng ganz dynamesch Situatioun, déi sech vun Dag zu Dag kéint änneren. An dofir misst ee permanent d'Situatioun evaluéieren.

Ma net nëmme fir den Horesca-Secteur sinn et schwiereg Zäiten. Ënnert anerem och d'Fluchgesellschafte kämpfen. Bei der Luxair huet een de Fluchplang wéinst der Ausbreedung vum Coronavirus missen upassen.

RTL-Artikel: Coronavirus - Gesondheetsministere berode sech zu Bréissel iwwert d'Situatioun an Europa

Impakt vum Coronavirus op déi international Wirtschaft

Nieft der Lëtzebuerger Wirtschaft ass déi chinesesch Ekonomie staark betraff. An den éischten zwee Méint vun dësem Joer sinn d'Exporter vu Peking ëm 17,4% erofgaangen, dat ass déi gréisste Baisse zanter Februar 2019, wéi den Handelskrich tëscht China an den USA ausgebrach war. Och bei den Importer gëtt et ee Réckgang. Do sinn et 4%.

An der chinesescher Provënz Hubei, dem Epizenter vum Coronavirus, geet d'Zuel vun den Nei-Infizéierten iwwerdeems zeréck. Et goufen e Freideg just nach 74 nei Fäll annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO