
Iwwerdeem eng Petitionärin ewell vum Educatiounsminister empfaange gouf, wat d'Nees-Opmaache vun de Schoulen ugeet, sou hunn zwou aner Petitiounen de Seuil vun den néidege 4.500 Ënnerschrëften och depasséiert a mussen also an der Chamber debattéiert ginn.
Dëst betrëfft d'Theematike vun engem 5G-Reseau, deen den Auteur vun der Petitioun am Numm vun engem Kollektiv wëll gestoppt gesinn an de Sujet vum Teletravail, wou de Serge Remy freet, datt dës Form vu Schaffe soll en ageschriwwent Recht ginn.
Dës Petitioune lafen iwwerdeem aus, et kënnen awer nach 27 aner Petitioune signéiert ginn. Hei de Link fir op de Site vun der Chamber, wou der alleguerten d'Petitioune fannt.