Parlamentaresch FroRegierung hëlt Transitiouns-Mesurë fir d'Baueren a Wënzer

RTL Lëtzebuerg
Bis den neie PAC gestëmmt ass, kann nach bis zu 2 Joer daueren. Dowéinst huet d'Regierung vum 1. Januar 2021 u Iwwergangsbestëmmungen decidéiert.
© AFP (Archiv)

Déi nei Dispositioune vum Europäeschen Agrar-Pak kréien zolitte Retard. U sech sollt deen neien PAC dëst Joer gestëmmt ginn, mä dat wäert net méi de Fall sinn, sou datt nom 1. Januar 2021 mussen Iwwergangsbestëmmunge fir Baueren a Wënzer spillen, bis dat hei am Land dat entspriechend Gesetzer gestëmmt sinn, dierften dann nach 2 Joer vergoen.

Fir datt d'Baueren awer och nom 31. Dezember dëst Joer kënnen op Subventiounen zielen, huet d'Regierung entspriechend Transitiouns-Mesurë guttgeheescht. Dozou zielt ënner anerem, datt Plaffonge fir ënnerschiddlech Zorte vun Investissementer op den Häff no uewen ugepasst ginn.

Wa Bauere weider an hire Betriber investéiere wëllen an hire Plaffong areecht hunn, sou kënne Si dëst vum nächsten 1. Januar awer nees maachen. Plaffongen, déi NET areecht goufen, verfalen op deem Datum. D'Compteure ginn also op Null gesat.

Dës wichteg Informatioune fir d'Landwirtschaft deelt de Minister Schneider op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Gusty Graas an André Bauler mat.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO