Rentrée adrRegierung ass midd an zerstridden, esou d'adr-Deputéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat soten d'Deputéiert vun der adr, déi den Donneschdeg de Moien op hir politesch Rentréespressekonferenz invitéiert hunn.
Rentrée adr
Regierung ass midd an zerstridden, esou d'adr-Deputéiert

D'Regierung wier midd an zerstridden. U sech wieren d'Majoritéitsparteien ëmmer méi wäit auserneegedrift, sou dass ee sech am Kader vun der Ried zur Lag vun der Natioun kaum Konkretes kéint erwaarden.

D'Verfassungsreform an an deem Zesummenhang e Referendum steet bei der alternativ demokratescher Reformpartei op der Prioritéitelëscht. Den 21. Oktober soll en 1. Kapitel an der Chamber-Justiz gestëmmt ginn. Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser huet rappelléiert, datt seng Partei an der Chamber wäert vun der méiglecher Prozedur Gebrauch maachen, fir e Referendum anzefuerderen.

Initiativen aus der Zivilgesellschaft, déi och an d'Richtung vun engem Referendum géife goen, géif d'adr natierlech och ënnerstëtzen. Et géif een och mat der annoncéierter Campagne "Kuckt net ewech" virufueren. An deem Kader ass en Info-Owend vun der Partei geplangt, dat e Freideg den Owend am Beetebuerger Schlass. Quasi parallel dozou stinn um Freideg Owend och Vertrieder vu sämtleche Parteien am Tramsschapp an der Stad de Bierger Ried an Äntwert iwwert d'Verfassungsreform.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO