
Zesumme mat der Agence fédérale pour la sécurité de la chaîne alimentaire (AFSCA) huet Delhaize decidéiert de Produit vum Maart ze huelen an e Réckruff ze lancéieren. Et wier en ze héijen Niveau vun de Réckstänn vun engem Planzeschutzmëttel fir d'Sesamkären festgestallt ginn.
De Produit wier an Tëscht schonn aus de Regaler geholl ginn. Och d'Kontrolle beim Fournisseur wiere verstäerkt ginn, wéi Delhaize preziséiert.
D'Cliente sollen de Produit net méi benotzen an en an dee Buttek zeréckbréngen, wou si e kaf hunn. E Remboursement ass garantéiert.
Aner Produite vun där Gamme sinn net betraff.
