
De Rapporter vun deem Text, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, huet sech um Ufank vu senger Ried ganz matgeholl gewisen.
Hie wär déi lescht zwee Deeg harceléiert ginn, hätt x anonym Uriff kritt, vun enger Vulgaritéit an Aggressivitéit och senger Famill vis-a-vis, déi hie sech net hätt kënne virstellen.
A senger laanger politescher Carrière hätt hien esou eppes nach net erlieft.
De fréiere Minister huet alles un d'Post an d'Police weiderginn, fir datt eng Enquête ka gemaach ginn.
