"Santé mentale betrëfft eis all"Psychesch Krankheeten eescht huelen

Anne Wolff
Tëscht 70 an 80 Leit huele sech zu Lëtzebuerg all Joer d'Liewen. All Suicide ass een ze vill, seet d'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
© Unsplash

Dofir war en Donneschdeg den Dag vun der Prévention suicide ënnert dem Motto "d'Santé mentale betrëfft eis all".

90% Prozent vun de Suicidairen hate virdrun eng psychesch Erkrankung. Ma just ¼ vun de psychesch kranke Leit wieren a professioneller Behandlung, erkläert de Fränz D'Onghia, Direkter vun der Ligue. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert fënnt, dass psychesch Problemer dacks nach net esou eescht geholl gi wéi aner Krankheeten: "Och do ass nach vill Aarbecht: D'Leit ginn éischter bei den Dokter, wa se d'Been wéi hunn an net, wa se sech lues a lues méi schlecht fillen. Et muss jidderengem bewosst sinn, dass et Acteure gëtt, déi hëllefe kënnen."

Fir dem Mangel u Fachpersonal entgéintzewierken, missten d'Gesondheetsberuffer nees méi attraktiv gemaach ginn, esou d'Ministesch.

"Dat ass eng vun de groussen Erausfuerderunge fir eist Land. Nach geet et iergendwéi, ma mir stinn net do, wou mir misste stoen. Do sinn Iwwerleeungen am Gaang, fir d'Gesondheetsberuffer nees méi attraktiv ze maachen, eventuell iwwer Formatiounen."

An der Pandemie huet een iwwerdeems festgestallt, dass och eng Covid-Erkrankung kéint zu enger psychescher Krankheet féieren, erkläert de Psychiater Paul Hédo.

"Do ginn et gréisser Studien: Bei enger Studie goufen 250.000 Leit gekuckt, déi Covid haten. 6 Méint drop hate ronn ¼ vun de Leit eng psychesch Erkrankung, zum Beispill eng Angschtsymptomatik oder eng Depressioun. Wat interessant ass, ass, dass déi Zuelen éischter an d'Luucht ginn."

Fir de Suicide-Taux ze reduzéieren, géingen et 2 Approchë ginn, esou de Fränz D'Onghia: Engersäits zum Beispill Waffen oder Medikamenter méi schwéier zougänglech ze maachen. Anerersäits spillt awer och d'Gesellschaft eng grouss Roll. Et misst een op seng Matmënschen oppassen.

"Dat, wat een ëmmer ka maachen, ass een unzeschwätzen an ze soen, dass ee sech Suerge mécht. Och d'Nolauschteren ass wichteg. Et geet net drëms, grouss Rotschléi ze ginn. An da kann een Hoffnung maachen, andeems ee seet, dass ee psychesch Krankheete gutt behandele kann."

Zu all Moment kann een deene Concernéierten hëllefen, eng professionell Behandlung ze sichen.

Wie selwer Suicide-Gedanken huet, fënnt Hëllef bei SOS Détresse ënnert der Nummer 454545.

Back to Top
CIM LOGO