Schléiwenhaff a FräiheetsbamProzess an 2. Instanz ëm 2 Morden goung um Dënschdeg nach net op en Enn

RTL Lëtzebuerg
De Prozess an zweeter Instanz ëm zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam koum op der Cour d'appel an der Stad net op en Enn.

Suite Affär Duebelmord / Reportage Eric Ewald

Am Januar waren dowéinst um Stater Geriicht zwee Männer eemol zu liewenslänglechem an eemol zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, verurteelt ginn. Viru knapp 4 Joer war um Schléiwenhaff en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn.

Sou wéi de Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet général ugefaangen huet, kéint deen e Freiden d'Confirmatioun vum 1. Urteel froen.

D'Zil vun der Renconter mam Drogendealer wär et gewiescht, fir deen ze beklauen, well deen dem Mann no, deen an 1. Instanz liewenslänglech krut, vill Sue bei sech hätt: Dofir wär den Drogendealer „fälleg gewiescht“, sou de Vertrieder vum Parquet général. Dee Mann, deen am 1. Prozess zu 10 Joer festem Prisong condamnéiert gi war, wär iwwerdeems wëssentlech un där Dot bedeelegt gewiescht, an ouni den zweete Mann als Chauffeur hätt den éischten den Drogendealer net kënnen erschéissen.

Do virdrun hat de Vertrieder vum Parquet général betount, dass fir hien déi chronesch Geldproblemer vum Haaptbeschëllegten e ganz wichtege Punkt wären. Dee Mann hat jo och um Owend vun der Dot e Message geschéckt „Hues De Loscht, een ëmbréngen ze goen, oder soss eppes?“, vun deem net gewosst ass, u ween e goung; d'Resultat war awer, dass 3 an eng hallef Stonnen drop en Drogendealer dout war.

Wat de Schoss op deen ugeet, hätt de Chauffeursëtz, wann den Haaptugeklote gefuer wär, voller Blutt misse sinn; well deem awer net sou war, hätt den Haaptbeschëllegten hanne gesiess an den Drogendealer vun do aus erschoss.

Bekannte géintiwwer hätt den Haaptugekloten déi Dot och zouginn an erzielt, dass deen anere Mann gefuer wär: Dat wär kloer Täterwëssen!

Dass den Haaptbeschëllegten d'Doten zouginn huet, hat och den Affekot vum zweete Mann ervirgehuewen. Allerdéngs war de Me Knaff der Meenung, dass säi Client net nëmme keen erschoss hätt, mä och net gehollef hätt, fir eppes ze maachen, wat de Vertrieder vum Parquet général jo anescht gesäit. Fir den Affekot vum zweete Mann hat deen éischten e Plang, vun deem säi Mandant näischt wosst, soudass dee fräizesprieche wär.

Dësen Appelprozess dierft um Freideg ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO