
Esou de Reproche vum OGBL/Landesverband un d'Direktioun vum TICE.

D'Gewerkschaft, déi 3 vun de 6 Delegéierten am Betrib stellt, fuerdert engersäits, dass déi sougenannt Tankeren, dat heescht d'Leit déi sech ëm d'Tanken an den Entretien vun de Busser këmmeren, an de Kollektivvertrag vun de Gemengebeamten opgeholl ginn.
Ausserdeem misst dofir gesuergt ginn, dass d'Buschaufferen net méi esou vill Iwwerstonnen hätten. Rieds geet hei vu méi wéi 10.000 Iwwerstonnen, well ronn 850 Mol Chaufferen aus dem Congé hu musse geruff ginn, wéi den TICE-Sektiounspresident vum Landesverband, Yves Kohlwelter, erkläert:
„Bei 850 Réckriff kann een net vun heiansdo schwätzen. Dat ass schonn eng Reegelméissegkeet. Dat ass scho praktesch eng Gewunnecht ginn. Sechs Deeg um Stéck schaffen, een Dag fräi, de Minimum vun de gesetzleche Rouzäiten, déi agehale ginn: Dat ass vläicht gesetzlech alles ok, mä mënschlech ass dat ganz schwéier z'erdroen. Dat mécht krank, dat gesäit en un de Krankmeldungen, all Mënsch huet eng Famill ...“

Bei der Direktioun vum TICE stéisst ee mat dëse Fuerderungen awer op grousst Onversteesdemech. Wat d'Tanker ugeet, hätt ee kloer gestallt, dass en Ophuelen an de Kollektivvertrag net méiglech wier, ma dass een awer bereet wier, iwwert eng Verbesserung vun de Vertragskonditiounen ze diskutéieren. Bis ewell wier just nach keen op déi Offer agaangen.
Déi vill Iwwerstonne géifen ënnert anerem och doduerch entstoen, dass esou vill Leit sech géife krank mellen, an déi da stënterlech missten ersat ginn, esou nach den Direkter Steve Arendt. Beim TICE schaffen eng 320 Buschaufferen. Fir den deegleche Betrib z'assuréieren, gi ronn 200 Chauffere gebraucht. Zu den Iwwerstonne sief och gesot, dass dës entweder ausbezuelt ginn oder kënnen op den Zäitspuerkont gesat ginn.
Déi zweet Gewerkschaft, déi am Betrib vertrueden ass, huet sech iwwerdeems vun der Protestaktioun vun OGBL a Landesverband distanzéiert. Den FGFC géif weider wëllen op Dialog setzen an net op Konfrontatioun, heescht et an engem Schreiwes.