François BauschProjet Militärsatellit ass prinzipiell gutt, mä d’Saache goufen iwwerstierzt

Pit Everling
Eng Käschtenexplosioun, eng schwiereg praktesch Ëmsetzung an d'Fro, wien da Schold dorunner ass.
© RTL Archivbild

De Militärsatellit bleift e schwieregen Dossier, wéi an der leschter parlamentarescher Defensekommissioun ze gesi war.

Militärsatellit / De Reportage vum Pit Everling

Den Defenseminister François Bausch stellt sech prinzipiell hannert de Projet vu sengem Virgänger Etienne Schneider, ma d'Saache wieren iwwerstierzt ginn an dofir wiere Changementer néideg. D'Oppositioun deet sech iwwerdeems schwéier, fir nach duerch de Bësch ze gesinn.

Eng grouss Fro ass déi, firwat muss outgesourct ginn?
Firwat ginn zum Beispill Antennen, déi op den Härebierg hätte solle kommen, elo zu Redu an der Belsch installéiert?

D'Diane Adehm, CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Verdeedegungskommissioun:

"Lo ass ugeklongen, wéi wann et net onbedéngt technesch Grënn wieren, firwat datt déi net zu Dikrech kënnen installéiert ginn, mä et wier d'Arméi, déi déi Plaz géing brauchen".

D'Äntwert vum Minister François Bausch:

"D'Antenn misst op en héije Mast gesat ginn, si misst kënne ronderëm dréien, si misst e breede fräie Wénkel hunn, wat technesch schwiereg wier. Dat zweet ass, datt déi Plaz, déi a Fro kéim, och vun der Arméi fir aner Saache benotzt gëtt. Och vun den Autorisatiounen hier, géing et ganz schwiereg ginn".

Et wier op alle Fall net de Choix, fir d'Antenn op Redu ze setzen, deen d'Käschten explodéieren deet, sou de François Bausch, dee sech an dëser Saach ënner anerem vun der Firma PwC berode léisst.

Am Laf vun der Zäit hätt sech an dësem Dossier villes gewisen, wat net finanziell agerechent gouf, a wat net sou ze realiséiere wier, wéi Ugangs geplangt. Sou hätt sech zum Beispill erausgestallt, datt den Operateur LuxGovsat de Satellit net ka steieren an, datt verschidde Posten net vun extra geschoulte Lëtzebuerger Ënneroffizéier kënne besat ginn.

"Et si Saachen ënnerschat ginn a vergiess ginn, an de Projet ze setzen".

Et wier à la base gutt geduecht gewiescht, mä et wier deemools einfach ze séier gaangen. Dat géing näischt drun änneren, datt et e gudde Projet wier an, datt d'Méikäschte keng verbëtzte Sue wieren, sou de François Bausch.

De Minister wëll den Deputéierte fir de Juli eng genee Oplëschtung maachen, fir en transparenten Iwwerbléck ze verschafen. Do gëtt da vläicht nach méi kloer, firwat de Militärsatellit 180 Milliounen Euro méi deier gëtt ewéi geplangt.

Datt de fréieren Defensedirekter Patrick Heck e Memorandum mat senger eegener Prise de position verdeelt huet, dat wollt de François Bausch weider net kommentéieren. De Minister hätt allerdéngs och gären eng Kopie vun deem Dokument kritt.

Back to Top
CIM LOGO