JIFProgramm vum zweeten nationale Fraestreik den 8. Mäerz virgestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Aarbechtszäitverkierzung zum volle Loun, Gläichberechtegung bei de Salairen an e méi sozial gerechte Logement fir jiddereen.
Programm vum 2. nationale Frastreik virgestallt
Am Kader vum 2. nationale Fraestreik den 8. Mäerz, huet d'Plattform JIF um Donneschdeg de Programm vun dësem Joer presentéier

Dat sinn d'Haapt-Revendikatioune vun der Journée Internationale des Femmes, kuerz JIF.

Am Kader vum 2. nationale Fraestreik den 8. Mäerz, huet d'Plattform um Donneschdeg de Programm vun dësem Joer presentéiert, deen un d'sanitär Mesuren huet missen ugepasst ginn. Nieft online-Aktivitéiten ass eng Marche vun der Gare bis op d'Plëss geplangt.

Nieft méi Zäit a méi Loun fuerdert d'JIF och, datt de Papppecongé vun 10 Deeg op 3 Méint gehéicht gëtt. Den Numm misst och geännert ginn, well en eng kloer Diskriminatioun par Rapport zu homosexuelle Koppele wier.

E Punkt, deen den Aarbechtsminister sech an enger Entrevue mat der Plattform dës Woch zu Häerz geholl hätt an no enger Léisung siche géif, huet d'JIF nach betount.

Back to Top
CIM LOGO