COP25Programm fir d’UN-Klimakonferenz zu Madrid steet

Monica Camposeo
En vue vun der UN-Klimakonferenz huet d'Ëmweltministesch an enger Chamberkommissioun de Programm an d'Prioritéite vun der Regierung virgestallt.
© RTL Archiv

De Programm fir d’UN-Klimakonferenz zu Madrid steet. D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet e Mëttwoch an enger Chamberkommissioun d’Prioritéite vun der Regierung virgestallt. Et wier virun allem wichteg, d’Klimapolitik méi vast ze denken an och zum Beispill d’Mënscherechter an d’Genderpolitik an deem Beräich net ze vergiessen.

COP25 an der Chamberkommissioun - Rep. Monica Camposeo

Eng grouss Roll an de Verhandlunge soll dofir den Artikel 6 vum Paräisser Accord spillen, an deem et dorëms geet, wéi d’Mäert opgestallt ginn. Et wier nämlech wichteg, Mäert ze schafen, déi keng negativ Impakter op d’Ëmwelt hunn, sou d’Ministesch Carole Dieschbourg:

“Ech fannen et wichteg, dass mir d’Klima-Thematik ganzheetlech gesinn an dass mir d’Leit och mathuelen. An dofir huet Lëtzebuerg sech zanter Jore staark gemaach fir indigen Vëlker, Mënscherechter, Gläichstellung tëscht Mann a Fra. Dat sinn Themen, wou grad Länner wéi Lëtzebuerg sech kënnen ervirdoen, wou mer net ganz esou vill Matstreider hunn a wou et ganz wichteg ass, dass mir eis Positioun ganz kloer vertrieden.”

Virun allem mat Brasilien erwaart sech d’Ëmweltministesch erëm schwéier Verhandlungen. De Reebësch muss geschützt ginn, fir dat südamerikanescht Land ass de Bësch awer och en wirtschaftleche Faktor. Hei misst ee méi op d’Hëllef fir déi indigene Vëlker setzen, fënnt de Paul Galles vun der CSV:

“Mech interesséieren do och déi indigen Vëlker, wou een dann erëm beim Thema Brasilien ass. Brasilien ass den Ament jo éischter de Bad Player, mä mat deem doten Thema kéinte mir hëllefen, dass si e Schrëtt viru kommen.”

D’Erwaardunge wieren zudeem héich an et misst gewise ginn, dass een als Europäesch Union en ambitiéist Agenda huet an der Klimapolitik, seet de Franz Fayot vun der LSAP:

“Virun allem vun deene Jonke gëtt et do eng ganz grouss Attente an déi gëllt et dann hei och ze geréieren.”

D’COP25, déi jo eigentlech zu Santiago de Chile sollt ofgehale ginn, ass dann elo ugangs Dezember zu Madrid.

Back to Top
CIM LOGO