Invité vun der Redaktioun: Prof. Henning LobinLëtzebuerg ass ee Virbild an der Méisproochegkeet

Céline Eischen
E Freideg de Moie war d'Méisproochegkeet Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Prof. Dr. Henning Lobin
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Mir kënnen op eis Méisproochegkeet houfreg sinn: Op d'mannst wier Lëtzebuerg ee Virbild heiranner, sot de Sproochwëssenschaftler a wëssenschaftlechen Direkter vum Leibniz Institut der Deutschen Sprache zu Mannheim Prof. Dr. Henning Lobin. Hei am Grand-Duché géif vill gemaach ginn, fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft ze verankeren. Suerge mécht sech de Professer awer ëm de Sproochëmgang an Zäite vu KI an Digitaliséierung.

E Freideg de Moie war d'Méisproochegkeet Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir ee Sproochwëssenschaftler wier Lëtzebuerg eppes wéi ee Paradäis. Zum engen huet d'Lëtzebuerger Sprooch sech vun engem Dialekt zu enger Nationalsprooch entwéckelt an huet domat och eng grouss Identitéitsfunktioun. Dat wier éischter rar an der jéngster europäescher Geschicht. Ma och duerch déi vill verschidde Sproochen, déi hei geschwat ginn, wier Lëtzebuerg eenzegaarteg.

Bei der Vollekszielung 2021 hu just nach 49 Prozent vun de Residenten uginn, datt Lëtzebuergesch hir Haaptsprooch wier. Dat ass ee Minus vu 7 Prozent-Punkten am Verglach mat 2011. Dat wier awer kee Grond, fir sech Suergen ze maachen, esou de Professor Lobin:

"In Luxemburg ist man sich der Herausforderung, denke ich, in einem sehr hohen Maße bewusst, durch diese vielsprachige und mehrsprachige Prägung. Und das führt glaube ich auch dazu, dass man auch Erfahrung hat und einen guten und pragmatischen Blick auf die Maßnahmen hat, die nötig sind, um mit solchen Herausforderungen klar zu kommen."

Déi verschidde Sproochen zu Lëtzebuerg géifen dann och funktionell a gläichzäiteg agesat ginn, an net geografesch, wéi zum Beispill an der Belsch oder an der Schwäiz.

D'Méisproochegkeet ass eng Stäerkt, mee huet och hier Grenzen. Wat d'Alphabetiséierung op verschidde Sproochen ugeet, gesäit de Sproochwëssenschaftler de Risiko vun enger Spléckung vun de Kanner a Sprooch-Gruppen awer als geréng:

"Man kann auf der anderen Seite seine Augen nicht davor verschließen, dass es unterschiedliche sprachliche Voraussetzungen gibt, in den Familien unterschiedliche Herkunftssprachen auch vertreten sind. Und dass eben auch mit den Gegebenheiten in der Schule in Einklang gebracht werden muss. Dass man da den besten Weg auch anbietet, so dass ein Kind in die Mehrsprachigkeit hineinwachsen kann."

D'Sprooch ass eppes Lieweges: An Zäite vu Ragebait, Peak a cringe passt sech d'Sprooch also ëmmer nees un. Virun allem och duerch den digitale Raum. Et wier net u Sproochwëssenschaftler ze bestëmmen, ob een en neie Begrëff néideg ass oder net. Mee dat gëtt duerch de Sproochgebrauch selwer entscheet.

Eng Erausfuerderung gesäit de Professer Lobin awer duerch déi Kënschtlech Intelligenz. Wann d'KI Texter schreift a resuméiert, géif d'Sprooch net méi genuch trainéiert ginn:

"Sprache kann sich in unseren Gehirnen nur wirklich festsetzen, wenn wir sie trainieren. Das betrifft aber insbesondere auch die Schriftsprache, die gesprochene Sprache praktizieren wir im Alltag natürlich einfach so. Aber die Schriftsprache, die schriftsprachlichen Formen und Strukturen, die müssen wir trainieren. Das ist das was man die ganze Schulzeit über lernt, und auch danach immer noch. Wenn nun das teilweise oder immer vollständiger womöglich durch K.I.-Techniken ersetzt wird, da fehlt ja etwas."

D'Pädagogik wier hei op alle Fall och gefuerdert, fir déi Jonk méi vun den Ecranen ewech ze halen.

De Professor Lobin war am Kader vun der Ausstellung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch hei am Land, déi ënnert dem Titel "Lëtzebuerger Sprooch(en)" leeft.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO