KreeslafwirtschaftProduiten net just recycléieren, mä se op en Neits gebrauchen

Claudia Kollwelter
Lëtzebuerg wëll Pionéier an der Kreeslafwirtschaft ginn, an dat mat Hëllef vun enger Initiativ, déi en Dënschdeg am Wirtschaftsministère presentéiert gouf.
© RTL Archiv

Et geet drëms, fir Produiten net méi just ze recycléieren, mä se op en Neits ze gebrauchen, dat andeems ee weess, aus wat se zesummegesat sinn.

Kreeslafwirtschaft - Reportage Claudia Kollwelter

D'Produiten tel quel, wéi se produzéiert ginn, sollen duerch eng nei industriell Norm op en Neits kënne gebraucht ginn, an dat ouni, datt se musse mat héijem Energie-Opwand zerstéiert ginn. Fir datt dat méiglech ass, muss een awer wëssen, aus wat de Produit besteet, souzesoen all seng Ingredienten an seng chemesch Kompositioune kënnen. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider:

"An do wëlle mer elo mat där heiten Initiativ e Standard entwéckelen, un dee sech d'Entreprisen da kënnen oder sollen halen, fir hir Produiten, direkt scho wa se se produzéieren, esou ze definéieren. Dat heescht, datt deen Datesaz direkt steet, vun Ufank bis zum Enn vun deem Produit. Dat ass extrem wichteg, well een ouni deen Datesaz net genee weess, wann een de Produit nach emol soll gebrauchen, aus wat e besteet an op en déi Kompositioun huet, déi ech brauch, fir den neien Usage, deen ech mam Produit well maachen."

Zesumme mam Privatsecteur ass de Wirtschaftsministère am Gaang dëst op d'Been ze stellen. Ëmmer méi Entreprisë wieren interesséiert fir matzemaachen, well och d'Clienten ëmmer méi dacks wësse wëllen, aus wat d'Produiten zesummegestallt sinn. Zil wier et, en Standard fir d'Industrie ze schafen:

"An ech mengen da soll och laangfristeg de But dee sinn, datt an ëffentlechen Ausschreiwunge Wäert drop geluecht gëtt, datt nëmme Produite benotzt ginn, déi deen dote Prinzip verfollegen, fir datt se herno entweder einfach recycléiert oder reutiliséiert ginn."

50 Entreprisen aus 12 Länner maache bis ewell mat, dorënner zum Beispill Ikea, Tarkett oder Arcelor Mittal, déi dem Wirtschaftsministère no och eng gewësse Kraaft hu fir de Standard ze pushen.

Back to Top
CIM LOGO