
D'Cellule nationale d'information pour la politique urbaine CIPU hat, an Zesummenaarbecht mam Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils OAI, dorop invitéiert.
Am CIPU schaffen d'Stad, Esch an Diddeleng mat de Ministèrë vum Aménagement du Territoire a vum Wunnengsbau um Gebitt vun der Stadentwécklung zesummen. Een Zil ass et, Problemer z'identifizéieren an no Léisungen ze sichen.
A Problemer stelle sech, z.B. duerch Blocagen, wéi zu Märel, wat d'Stad ugeet, an den Nonnewisen, wat Esch betrëfft, an am Quartier Neischmelz, wat Diddeleng ugeet. D'Prozedure si munchmol laangwiereg, huet den Escher Schäffe Martin Kox bedauert. Et bräicht een eng "Richtung der kurzen Wege".
Dobäi gëtt et an der Minettsmetropol konkret Beispiller vu Stadentwécklung, wéi de Projet Rout Lëns, deen e Privatpromoteur mécht.
Den Escher Schäffen huet déi grouss staatlech Hëllef op Belval ervirgestrach. Ouni de Staat wier ni eng Uni dohinner komm. En zweete Belval wéilt een awer net méi zu Esch bauen.
Fir den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana variéiere Projete vu Gemeng zu Gemeng. Et gëtt awer och Schnëttstellen. Doriwwer wéilt een en Austausch. De Shared-Space-Projet, Revalorisatioun vum Stadkär, Nei Schmelz... do géif een an der Städteplanung gesin, wat déi ganz Komplexitéit ass, sou den Dan Biancalana.
De Minister Claude Turmes huet erkläert, et hätt een dës Collaboratioun emol mat der Stad, Esch an Diddeleng ugefaangen. Et kéinten awer aner Stied a Gemenge bäikommen. Bei Workshope wären dann och schonn z.B. Déifferdeng, Péiteng, Ettelbréck a Miersch dobäi gewiescht.