Hie wier frou, dass déi Reformen, déi wärend der leschter Legislatur gemaach goufen, elo weider kënne gräifen, esou de Minister de Freideg de Moie bei der traditioneller Pressekonferenz fir d'Rentrée.
Donieft huet hie Mesurë virgestallt, déi fir dës Rentrée nei sinn. Ënnert anerem gëtt en Techniker-Diplom fir „Smart Technologies" agefouert an eng Elterevertriedung um nationale Plang. Allgemeng wëll de Minister awer elo mol d'Reforme vun de leschte Jore weider gräife loossen.
An de Lycéeë lafen déi lescht Preparativen, bevir nächst Woch erëm dausende Schüler hiert neit Schouljoer ufänken. An och fir dës Rentrée ginn et eng Rei Reformen, déi de Minister de Freideg de Moie presentéiert huet. Zum Beispill sinn d'Tëschebilanen am Fondamental vun elo un digital, a fir d'Formation professionelle gëtt et nieft der Evaluatioun vun de Kompetenzen elo och erëm Notten op 60.
Claude MEISCH: "Mir hunn awer virun allem d'Kontinuitéit grouss geschriwwe bei dëser Rentrée. Mir setze Gesetzer ëm, déi an der leschter Legislaturperiod gestëmmt goufen, fir d'Kanner mat extrae Besoinen. Mir ginn däitlech méi Ressourcen op den Terrain. An ech mengen, datt dat dee gréisste Qualitéitssprong nach eng Kéier wäert an d'Schoul bréngen."
De Personalmangel bei den Enseignante wier geléist, an elo misst fir e reegelméissegen Austausch tëscht allen Acteuren aus dem Enseignement gesuergt ginn, esou den Educatiounsminister. Fir dës Rentrée wiere 480 nei Poste besat ginn. A mat de sougenannte "Quereinsteiger" kréich ee gutt nei Enseignanten, déi zwar vläicht eng aner Beruffserfarung hätten, ma déi sech awer gutt integréiere géingen.
Claude MEISCH: "Ech si frou, dass mer bei dëser Rentrée all d'Poste vun den Enseignante konnte besetzen, och duerch déi Mesuren, déi mir an de leschten zwee Joer geholl hunn, déi gräifen. A mir kréien och do gutt nei Enseignanten, déi eng aner Beruffserfarung vläicht hunn, eng aner Liewenserfarung hunn a sech awer ganz gutt integréiert hunn a sämtlech Ekippen. Dat huet d'ailleurs och de Concours-Examen dëst Joer gewisen."
E Sondage vun enger Gewerkschaft hat erginn, dass eng ganz Rei Enseignanten an hirem Beruff net zefridde wieren an – an hiren Aen – net genuch géife respektéiert ginn.
Claude MEISCH: "Wann ech mat Enseignanten am Kontakt sinn, da kréien ech scho geschildert, wat d'Erausfuerderunge sinn, wat den Alldag an der Schoul ass. An dat stëmmt mat deem, wat mir och soss doruechter héieren, ganz enk iwwerteneen, an do reagéiere mer jo och dorop. Ech wëll wëssen, wou et dem Enseignant vläicht net gutt geet, wat e brauch, och wat e vun der Politik erwaart. An do hu mer jo scho villes en place gesat, a mir mussen och net do ophalen do dermadder."
Fir op déi ënnerschiddlech Besoine vun de Schüler anzegoen, soll an der Stad eng agreéiert Europaschoul geschaaft ginn, respektiv kuerzfristeg d'Offer am Lycée zu Jonglënster ausgebaut ginn. An de Grondschoule géifen iwwerdeems Pilotprojete lafen, fir d'Schoul mat aneren Aktivitéiten, wéi Sport oder Musek, besser ze vernetzen.
