
Et gouf hinne virgehäit, tëscht Januar a Februar 2017 zu Péiteng engem Mann vun haut 82 Joer bal 8.900 € ofgeknäppt ze hunn.
D'Vue vum Affekot vun der Fra a vum Vertrieder vum Parquet goungen dobäi e bëssen auseneen. Iwwerdeems fir de Me Brian Hellinckx keen Abus de faiblesse virlouch, war dat fir de Parquetier séier wuel de Fall, well vum Eleng-si vum Mann profitéiert gi wier. Woufir de Vertrieder vum Parquet um Enn zwee an en halleft Joer Prisong fir de Mann gefrot huet, deen ewell e laange Casier huet, an zwee Joer mat Sursis fir d'Fra, woubäi ënner anerem zu den Oploe gehéiert, dass si hiren Drogeproblem weider behandele léisst.
Am Ufank vun der Sëtzung hat e Polizist erkläert, dass d'Affer am Februar 2017 Plainte gemaach hätt, well Suen op senge Konte gefeelt hunn, nodeems hien der Fra eng Kreditkaart ginn hat. Duerch Videobiller wär een op d'Fra an de Mann komm.
Eng Aide-senior, déi zur Zäit vun de Faite bei d'Affer koum, sot, d'Affer hätt erzielt, dass hien d'Fra an engem Supermarché kenne geléiert hätt. Zu engem gewëssene Moment hätt d'Affer dunn deklaréiert, hien an déi 57 Joer méi jonk Fra géife sech bestueden. Déi an den ugeklote Mann hätte beim Affer gehaust an d'Kreditkaarte wären op eemol fort gewiescht, bis d'Affer se gespaart hätt. Eng Assistante sociale, déi d'Faiten denoncéiert hat, war eng Kéier bei d'Affer Heem: Déi jonk Fra hätt sech net beschwéiert, mä si e komescht Gefill gehat, sou dass si der Police ugeruff hätt.
D'Beschëllegt huet betount, si wär déi Zäit polytoxikoman gewiescht an hätt den Hannergedanke gehat, dass d'Affer hir Sue géif ginn. Si hätt den 1. Dag schonn dem Affer seng Kreditkaart kritt, fir Kuch kafen ze goen an du gekuckt, wéi vill um Kont war: „An du koumen nach 720€ dobäi! Dat war e schéine Kuch!“, ass d'Presidentin vum Geriicht weider gefuer. Si hätt déi Suen opgehuewen a Kleeder an aner Saachen domat kaf, sou d'Fra, där dat Ganzt „elo leed deet“. Den Ugekloten, deen d'Affer duerch d'Fra kenne geléiert hat, hätt mat de Kaarten net méi wéi 500€ ophiewe sollen. D'Affer wär awer rose ginn, wéi den Ugekloten eng Kéier 2.000€ geholl an dunn hätt d'Affer gesot, hie misst goen. D'Urteel ass fir den 29. Oktober.