Prozess wéinst GeiselaffärPrisongsstrof a Geldstrof an Héicht vun 572.500 Euro fir déi Verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Am Prozess ëm eng Geiselaffär aus dem Dezember 2012, déi sech iwwer 3 Deeg erstreckt hat, gouf e Mëttwoch um Stater Geriicht d'Urteel gesprach.
© afp

Et goufe Prisongsstrofe vun tëscht 2 an 18 Joer gesprach. Déi 4 Verurteelt mussen donieft 7 Parties civiles vun am Ganze ronn 572.500 € bezuelen.

Fir d'éischt war viru bal 7 Joer de Patron vun enger Fiduciaire bei sech doheem zu Eech iwwerfall ginn. Doropshin haten déi zwee Haaptleit Bijoutieren an d'Firma an der Millebaach bestelle gelooss. Hinnen hate si virun allem wäertvoll Auere geklaut. Mat enger Geisel am Auto goung et zu gudder Lescht bis op Paräis.

Prozess ëm Geiselaffär / Reportage Eric Ewald

Back to Top
CIM LOGO