1 Doudegen no Kläpperei a FoyerPresuméierten Täter no Flucht vu Police festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi den Ausseministère matdeelt, ass et en Donneschdeg zu engem Virfall mat déidleche Suitten am "Centre de primo-accueil" zu Stroossen komm.

En 38 Joer alen Demandeur de protection internationale gouf wärend enger Kläpperei uerg verwonnt an ass e Freideg de Moien u senge Blessure gestuerwen. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête an d'Weeër geleet.

Vun der Police hat et e Freideg de Mëtteg geheescht, dass de presuméierten Täter op der Flucht wier. Hie konnt am spéiden Nomëtteg gefaasst a festgeholl ginn.

Gesicht gouf nom NAIT ALI Mohamed Reda.

Et konnt net ausgeschloss ginn, dass de presuméierten Täter op der Flucht arméiert war.

De Foyer gëtt vum Roude Kräiz betreit an ass zanter Oktober 2015 a Betrib. Eng 300 Leit kommen do ënner, deenen hir Asyldemande schonn um Lafen ass. Aktuell sinn 217 Leit am Foyer ënnerbruecht. D'Rout Kräiz huet de Kolleege vum 5minutes.rtl.lu op Nofro hi bestätegt, dass weidert Personal op d'Plaz geruff gouf, fir déi aner Demandeurs d'asile psychologesch ze betreien.

Offiziellt Schreiwes

Communiqué par le ministre de l'Immigration et de l'Asile (11.12.2020)

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Un demandeur de protection internationale, sévèrement blessé lors d'une rixe, hier soir, au Centre de primo-accueil à Strassen, vient de décéder des suites de ses blessures.

Le parquet de Luxembourg a été saisi et l'enquête suit son cours.

Back to Top
CIM LOGO