
Den 1. Januar konnt e Mann op der Gare gestallt ginn, dee fir en Abroch an eng Wunneng, e geklaute Vëlo an e weidere Versuch vu Vëlo-Déifstall soll verantwortlech sinn.
Wéi d'Police matdeelt, goufen an der Wunneng Kleeder, e puer Sportschong, en Tablet-Computer an eng Spillkonsol geklaut. Am Laf vun den Ermëttlunge konnten dës Géigestänn an engem Stopp fonnt a saiséiert ginn.
Op Uerder vum Parquet gouf den presuméierten Abriecher festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Nieft dëse Virfäll wier de Mann och an eng Partie Abréch an Déifstall-Delikter an Eefamilljenhaiser, Wunnengen a Kelleren am Dezember 2020 verwéckelt.