KinnekswissPresuméierten Drogendealer konnt festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
De 27. Oktober konnt d'Police op der Kinnekswiss e presuméierten Drogendealer festhuelen, dee wuel en Deal geplangt hat.

Et goufe 50 Gramm Heroin an 1.330 Euro Boergeld beim Mann fonnt. De presuméierten Drogendealer huet seng Deals wuel gréisstendeels zu Gaasperech an am Zentrum vun der Stad duerchgezunn.

De Mann sëtzt aktuell an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO