
No dem Deal hunn d'Beamten de presuméierte Verkeefer kontrolléiert, deen dee Moment "opfälleg Schléckbeweegungen" gemaach huet.
Kuerz duerno huet de Verdächtegen uginn, eng Rei Drogekugelen ofgeschléckt ze hunn. De Parquet huet doropshin eng Scannerënnersichung an der Klinik an Optrag ginn. Bei dem Scan huet sech erausgestallt, datt de Mann ronn zwou Dose Friemkierper a sech hat.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. De presuméierten Dealer hat e Samschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.