
De Premier wiert sech géint de Virworf, hien hätt an der Gaardenhaischenaffär der Ëmweltministesch de Réck net gestäipt. De Xavier Bettel seet an engem Interview mat der Wochenzeitung „d’Land“, hien hätt versicht se mat Rot z’ënnerstëtzen. Well awer e Prozess am Gaang ass, dierf d’Politik sech senger Meenung no net amëschen. Säi Vertrauen ausdrécken, dat wier iwwerdeems net néideg gewiescht, well dee Saz eréischt géing falen, wann e Minister misst gerett ginn. Dat wier bei der Carole Dieschbourg awer net de Fall, sou de Premier.
D’Affär ëm de kontroversen Email vun der Parteikolleegin a Familljeministesch Corinne Cahen un de Geschäftsverband – eng Lappalie, sou de Xavier Bettel – dat wëll hien net kommentéieren well elo den Ethikrot gefrot ass.
Op d’Ausso vum Land, et wier am Staatsministère schonn iwwert eng Fusioun vun RTL an dem Radio 100,7 nogeduecht ginn, äntwert de Xavier Bettel, deen och Medieminister ass: „da wësst dir méi wéi ech“. Op d’Fro dunn, ob hien eng Fusioun kéint ausschléissen äntwert hien dann: "Nee dat soen ech net." Et hätt awer nach kee mat him driwwer geschwat an hie géing keng Decisiounen aus dem Bauch eraus huelen.