HamiliusPost-Gebai als Hotel? Dat gëtt ëmmer méi warscheinlech

RTL Lëtzebuerg
Dass dat fréiert Post-Gebai um Hamilius an der Stad effektiv op d’mannst zum Deel an en Hotel ëmgewandelt gëtt, schéngt ëmmer méi probabel.

Eng Etüd wier den Ament um Lafen, och fir d’Gebai, dat als nationaalt Monument klasséiert ass, natierlech esou ze erhalen, äntwert de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Déi Lénk-Deputéierten David Wagner.

Am Raum stoung bis ewell och e Notze vum Gebai als Mix tëscht Butteker, Büroen a Wunnengen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO