BilanPost-Covid-Traitementer zu Munneref am Thermalbad

Jeannot Ries
Um Freideg hunn déi Responsabel Bilan gezunn. 2020 huet e Lach an d'Keese gerappt, wat och net sou séier wäert kënnen opgefaange ginn.
Post-Covid-Traitementer zu Munneref am Thermalbad
Um Freideg hunn déi Responsabel Bilan gezunn. 2020 huet e Lach an d'Keesen gerappt, wat och net sou séier wäert kënnen opgefaange ginn.

"D'Nofro ass do", sou déi Responsabel. "Ma de Covid-19 huet eisen Elan gestoppt." Den Ëmsaz ass d'lescht Joer duerch de Lockdown an d'Pandemie bedéngt ëm 45 % agebrach. Ënnert dem Stréch bleift en Defizit vu 4,47 Milliounen Euro. Vun enger Aktivitéit zur anerer ass d'Resultat ganz verschidden. Am Beräich Spa, wou op Rendez-vous geschafft konnt ginn, gëtt et um Enn vum leschte Joer e klenge Benefice. Iwwerdeems den Ëmsaz mat Eventer op praktesch Null gefall ass.

"D'lescht Joer ass eisen Ëmsaz ëm 12 Milliounen Euro zeréckgaangen. Mir konnten dat Resultat awer duerch eng gutt Administrativ Gestioun an duerch e Personal, wat solidaresch an engagéiert matgeschafft huet, relativ offiederen. Mir konnten dat och maachen, duerch déi staatlech Hëllefen", souwäit de President vum Verwaltungsrot Paul Hammelmann.

Am Dialog mam Rehazenter gëtt den Ament en neie Projet ausgeschafft. Fir Post-Covid-Traitementer. Behandelt solle gi Symptomer wéi Middegkeet oder Houscht zum Beispill, wou een am Bad schonn eng gewëss Erfarung hätt.

"Eng 87,4% vun deene Leit, déi eng seriö Covid-Infektioun haten, mussen och mat méi laange Symptomer kämpfen. Do si mer amgaangen, mam Rehazenter, deen et deelweis scho mécht, déi Patienten en Charge ze huelen. Mir hunn einfach gemengt, hei wier déi richteg Plaz, fir Leit ze heelen. Zesumme mam Rehazenter, deen déi méi schwéier Fäll hëlt."

Houfreg sinn déi Responsabel, datt d'Therme bis elo ouni Cluster duerch d'Pandemie koum.

Wat den Ausbléck op dëst Joer ubelaangt, sou ënnersträichen déi Responsabel, datt ausser dem Hamam, all d'Aktivitéiten nees op sinn. Well d'Zuel u Gäscht awer bei vollstännegem Personal limitéiert ass, wäert awer d'Rentabilitéit weider leiden.

Preparéiert gëtt och d'Zukunft, wou 2024 d'Renovatioun vun de Gebaier ulafe soll.

Back to Top
CIM LOGO