
3.600 Leit wunnen elo op Belval. De Quartier empfänkt eng 10.000 Salariéen an 5.700 Studenten. Am Ganze ginn et iwwer 1.120 Wunnengen, zejoert koumen der ronn 100 bäi. Weider 1.000 si geplangt, respektiv am Bau.
Belval ass mat 268.000 Metercarré de fënneft gréisste Büro-Standuert am Land.
Och bei der Rekonversioun vun Esch-Schëffleng kënnt ee virun. Et geet ëm 61 Hektar. Knapp 80% solle fir Wunnenge respektiv, abordabele Wunnraum genotzt ginn, 25% si fir Büroe respektiv Betriber. De Rescht ass fir ëffentlech Infrastrukturen, ewéi Grondschoulen oder e Lycée. Déi éischt Terraine solle 2025 op de Marché kommen.
Den Agora Direkter Vincent Delwiche geet iwwregens geschwënn an d'Pensioun. Säi Successeur gëtt de François Dorland.