Manner Betriber missten awer elo méi produzéieren, fir méi Mënschen ze ernären. An deen Drock spieren d'Baueren, esou den Christian Wester, President vun der Bauerenzentral.
Am Kader vum neien nationale Strategieplang huet d'Centrale Paysanne hir Fuerderunge presentéiert. D'Bauere kéinten zum Beispill e Service un d'Gesellschaft leeschten, andeems si den CO2 aus der Loft huelen an am Buedem späicheren, esou de Guy Feyder. Dat misst awer méi valoriséiert an och remuneréiert ginn. Do géing ee bedaueren, dass dat vu Bréissel net am néidege Mooss virgesinn ass.
Méi Planungssécherheet an eng adequat Valorisatioun a Remuneratioun fir d'Hierstellung vu Liewensmëttel, dat wier wichteg, fir de Beruff vum Liewensmëttelproduzent och fir déi jonk Generatioune méi attraktiv ze maachen.
Bis Januar 2022 muss Lëtzebuerg en Avis fir d'Periode vun 2023 bis 2027 u Bréissel ginn. Mat Strategie-Pläng vun all Land gëtt dann eng gemeinsam EU-Agrarpolitik definéiert.