
Deputéiert hu beschriwwen, wat mer alleguer kennen. D’Sam Tanson vun déi Gréng:
"Et vergeet net eng Woch, wou ee vun iergendengem héiert, deen Affer ginn ass vun enger Fraude am digitale Beräich."
D’CRF – d’Cellule de renseignement financier – warnt, dass déi digital Attacken ëmmer méi professionell ginn. Besonnesch Phishing-Messagen, falsch Investitiouns-Offeren oder Attacken iwwer Kryptowärungen géifen explodéieren. De Max Braun, Direkter vun der CRF:
"Dat, wat mir musse feststellen, sief dat um Niveau vun der CRF, mee och vun deenen aneren Autoritéiten, dat ass: et gëtt ëmmer méi schwéier, Suen ze recuperéieren. Dat heescht, de "Follow the Money" fonctionéiert ëmmer méi schwiereg. Entretemps muss ee leider feststellen, dass, wann innerhalb vun den éischte 24 Stonnen näischt geschitt, da wäert et immens schwéier ginn, déi Suen zréckzekréien. An dat ënnersträicht eeben d'Wichtegkeet vun deem preventiven Deel, wéi een eeben d'Fro am beschten an de Grëff kritt."
Mam Gesetzesprojet 8722 soll d’CRF elo kënne verdächteg Konten oder Kryptoadressen un aner Banken a Finanzinstituter weiderginn. Am Moment ass dat net méiglech. Een ëmmer méi grousse Problem ass och d'Cyberkriminalitéit am Kryptoberäich. D’CRF rechent dëst Joer mat ronn dausend Deklaratioune pro Mount aus deem Secteur.
D’Justizministesch Elisabeth Margue huet en Donneschdeg de Moien dann och den neien Gesetzprojet 8734 géint Cyberviolence presentéiert, dee ganz dréngend néideg ass:
"D'Zil vum Projet ass wierklech, méi konkreet op déi Phenomener anzegoen, déi entstane sinn, duerch eeben dat Digitaalt. An do hu mer op der éischter Saach natierlech de Volet vun de Biller, vun den Nackt-Biller, de Biller mat sexueller Konnotatioun, déi kënnen extreem einfach verschéckt ginn iwwert den digitale Wee, wou mer natierlech dann och wëllen ënner Strof stellen, dass, wann een déi, och wann d'Biller vläicht mat Consentement opgeholl goufen, wa se duerno ouni Consentement verbreet ginn. Da soll dat ganz kloer och ënner Strof gestallt ginn."
D’Regierung geet dobäi méi wäit wéi déi europäesch Direktiv. Och Deepfakes a manipuléiert Biller mat kënschtlecher Intelligenz ginn explizitt am Gesetz ernimmt. Donieft geet et ëm psychologesch Gewalt a sougenannte “contrôle coercitif”, also digital Kontroll an Iwwerwaachung vun enger Persoun. Psychologesch Gewalt wier e grousst Thema am neie Centre national pour victimes de violence wou virun zwee Deeg Bilan gezunn gouf.
De Gesetzprojet geet elo bei de Staatsrot.
Parallel zu dem neie Gesetz soll et dann och nach eng grouss Sensibiliséierungscampagne ginn, fir virun allem Jonker iwwer d'Risike vun digitaler Gewalt ze informéieren.