
Zanter ugangs des Joers goufen der Police méi wéi 30 Fäll vu falsche Kollekte gemellt. Dëst op ënnerschiddleche Plazen: op Parkingen, a Foussgängerzonen, un der Hausdier oder op ëffentleche Plazen. A verschiddene Fäll sinn et Kanner a Jugendlecher, déi no Done froen a virginn, am Numm vun enger Organisatioun Spenden ze sammelen.
Wéi soll een a esou engem Fall virgoen? En Doute soll een d'Police kontaktéieren a kenger Persoun eppes ginn, där een net gleeft.