
An der Woch vum 1. November bis de 7. November huet d'Police insgesamt 90 Corona-Kontrolle gemaach. Dobäi gouf virun allem d'Ëmsetzung vun de CovidCheck-Mesuren a Restauranten, Caféen a bei Evenementer kontrolléiert.
An dräi Lokalitéiten aus dem Hotels- a Gastronomiesecteur goufe Verstéiss géint déi sanitär Reegele festgestallt. Am Kontext vun de CovidCheck-Mesuren huet d'Police och déi nei Reegelungen iwwerpréift, déi zanter dem 1. November gëllen.
De Beamten hir Aarbecht hätt souwuel eng preventiv wéi och eng repressiv Roll erfëllt, wéi d'Police den Dënschdeg matdeelt. D'Kontrollen, déi dacks de Weekend gemaach ginn, géinge souwuel geziilt wéi och am Kontext vun de "reguläre polizeileche Missiounen" gemaach ginn.