CR226Police sicht no Zeien no Accident tëscht Izeg an Hesper

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg géint 13.30 Auer krute sech zwee Ween um CR226 ze paken, nodeem een Automobilist aus engem Feldwee a Richtung Hesper wollt ofbéien.

D'Gefier vum Mann gouf vir lénks getraff a beschiedegt. Elo sicht d'Police no Persounen, déi eppes gesinn hunn, fir de Virgang vum Accident kënnen opzeklären.

All d'Informatioune si fir d'Police vun Hesper um Telefon 244 46 1000 oder via Mail op police.hesperange@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO