
Gesicht gëtt e wäissen Auto, warscheinlech en SUV, deen zu Beetebuerg vun der Rue d'Abweiler an d'Route Esch ofgebéit ass, obwuel den Trakter mat Remorque, deen aus Richtung Fenneng koum, schonn ugesat hat, fir an d'Rue Abweiler ofzebéien. Fir eng Kollisioun ze verhënneren, huet de Chauffer vum Trakter missen eng Vollbremsung maachen. Duerch d'Wucht, déi beim Bremsen entstanen ass, ass den Trakter ëmgekippt.
Aenzeie solle sech bei der Police Réiserbann via Telefon (+352) 244 611000 oder per E-Mail: police.reiserbann@police.etat.lu mellen.