Accident e Mëttwoch zu PéitengPolice huet flüchtege Chauffer gestallt

RTL Lëtzebuerg
Samantha Weber
E Mëttwoch de Mëtteg hat sech en Automobilist no engem Accident zu Péiteng duerch d'Bascht gemaach.

Géint 13.10 Auer e Mëttwochmëtteg war et zu Péiteng zu engem Accident tëscht zwee Gefierer komm. Den éischten Informatioune vum Pressebüro vun der Police no hätte sech op der Kräizung tëscht der Route de Longwy an der Rue des Romains en Auto an eng Camionnette ze pake kritt. Wéi et vun Zeien op der Plaz heescht, wier de Chauffer vum Auto mat héijer Vitess ënnerwee gewiescht an hätt den Accident verursaacht. D'Fuererin vun der Camionnette ass beim Accident liicht blesséiert ginn.

No Accident zu Péiteng duerch d'Bascht gemaach
En Automobilist, deen ze séier ënnerwee war, soll op enger Kräizung zu Péiteng en Accident verursaacht hunn an duerno fortgelaf sinn.

De Chauffer vum Auto war nom Accident a Richtung vun der Rue Batty Weber geflücht a gouf vun der Police gesicht. En Donneschdeg de Moien huet d'Police du matgedeelt, datt de flüchtegen Automobilist konnt gepëtzt ginn.

Wien an deem Kontext eppes Relevantes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Käerjeng/Péiteng ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 56 1000.

Back to Top
CIM LOGO