
D'Abriecher hunn hannert dem Haus eng Dier opgebrach a sech sou Zougang zum Haus verschaaft. Et goufe Wäertgéigestänn matgoe gelooss.
An der Avenue Pasteur um Lampertsbierg koum et tëscht e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moien 3 Auer zu engem Abroch an enger Bäckerei.
E weideren Déifstall gouf der Police zu Schieren gemellt. Hei gouf Aarbechtsmaterial an enger Firma geklaut.
D'Spueresécherung war an deenen 3 Fäll op der Plaz.