Op falscher Spuer ënnerweePolice huet alkoholiséiertem Automobilist missen auswäichen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg géint 1.30 Auer koum et an der Rue de Peppange zu Léiweng bal zu engem Accident.

Hei war eng Patrull vun der Police ënnerwee, wéi hinnen op eemol op hirer Spuer ee Won entgéintkomm ass. D'Poliziste konnten nach auswäichen, esou dass et net zu enger Kollisioun koum.

D'Beamten hunn doropshin direkt Kéier gemaach a sinn dem Auto hannendru gefuer. Kuerz drop konnt de Mann och gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Alkoholtest positiv war.
De Führerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO