Reckeng op der MessPolice huet mat Sichhënn trainéiert

Pierre Weimerskirch
D'Presenz vu Poliziste mat Sichhënn bei der Grondschoul zu Reckeng op der Mess e Mëttwoch de Moie wier Deel vun enger Übung, heescht et op Nofro vun der Police.
D'Police war am Kader vun enger Übung e Mëttwoch de Moien zu Reckeng op der Mess ënnerwee.
© Lynn Cruchten

Kuerz no 8 Auer krut RTL d'Informatioun, datt géint 7:45 Auer Poliziste mat Sichhënn an der Géigend vun der Grondschoul zu Reckeng op der Mess gesi gi waren. Eng Persoun, déi d'Beamte gesinn hat, sot, datt dës streng a besuergt op si gewierkt hätten.

Vum Pressebüro vun der Police koum d'Informatioun, datt et sech ëm en Training géif handelen.* Weider Informatioune krute mir keng. Géint 8:45 Auer waren d'Beamte schonn a Richtung Schëffleng ënnerwee, fir den Training do weiderzeféieren.

* An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass et sech ëm eng gemeinsam Übung vun der Police an der Douane géing handelen. Dat hat de Pressebüro vun der Police a senger éischter Äntwert och esou gesot. Kuerz no 10:30 Auer koum dann d'Korrektioun, dass et sech ëm eng Übung vun der Police eleng géing handelen.

Back to Top
CIM LOGO