
De Chômagetaux – onofhängeg vun de saisonale Variatiounen - bleift awer niddreg bei 5,4%, dat heescht um selwechten Niveau wéi am November zejoert.
Den Emploi wiisst weider, schreift de Statec. Déi méi staark Hausse vun de Chômeuren hätt och mat der exzeptioneller Baisse Enn 2018 ze dinn. Deemools war eng nei Aschreiwungsprozedur applizéiert ginn.
Iwwer 4'000 Leit sinn an enger Beschäftegungsmesure dran.
Méi wéi 2'300 nei fräi Plaze goufen am Dezember bei der ADEM gemellt. Am Ganze stoungen de leschte Mount knapp 6'700 Aarbechtsplazen op, do goufen also Leit gesicht.
Am Beräich Informatik, an der Compta, am Betribsmanagment, fir d'Sekretariat, am Beräich Educatioun vun de jonke Kanner an am Botzsecteur sinn déi meeschte fräi Plaze gemellt.