Sexualitéit, Léift a PubertéitPlanning Familial wëll Eltere bei wichtege Froen ënnerstëtzen

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Sex, kierperlech Verännerungen a wat ass iwwerhaapt d'Léift? Sujeten, déi haut nach a munche Familljen en Tabuthema sinn.
Planning Familial wëll Eltere bei wichtege Froen ënnerstëtze
Den éischte Sex, kierperlech Verännerungen a wat ass iwwerhaapt d'Léift? Sujeten, déi haut nach a munche Familljen en Tabuthema sinn.

Et wären awer Sujeten, iwwert déi ee schwätze soll a muss, fënnt de Planning Familial an huet en neie Projet lancéiert.

"Wat Äntweren", heescht den neie Projet vum Planning Familial. Et si genau 20 Fichen, déi sech mat Froen aus dem Beräich Sexualitéit, Léift a Pubertéit auserneesetzen. Froen, déi vill Eltere vun hire Kanner gestallt kréien. Spontan drop äntweren ass awer net ëmmer esou einfach.

Ainhoa Achutegui, Presidentin Conseil d'Administration Planning Familial: "Et ware ganz vill Froen, wou d'Elteren net wossten, wat äntweren. Dat hu si ëmmer gesot: Mee wat soll ech do äntweren? Froe wéi: Wou kommen d'Bëbeeën hier? Mee och Froen, déi iwwert Stereotyppe sinn zum Beispill: Firwat si Meedercher sou léif? Oder wéini ass den Zäitpunkt fir déi éischte Kéier?"

De Projet "Wat Äntweren" soll d'Eltere bei genau sou Froen ënnerstëtzen. All Fiche thematiséiert eng spezifesch Fro. Op der éischter Säit fënnt een da Rotschléi, wéi een am éischte Moment op déi Fro reagéiere kann, a wéinegem Alter dës Fro besonnesch beléift ass an d'Meenung vun den Experten. Op der zweeter Säit kritt den Erwuessenen dann Tipps, wéi een op d'Fro äntwere kann. Dat wichtegst hei ass, dass d'Explikatiounen altersgerecht sinn an de Sujet mat bekanntem Vocabulaire erkläert gëtt.

Ainhoa Achutegui: "Eng Fro, eng Äntwert an net dat ganzt ronderëm mat Erliefnisser a Beispiller, well da sinn d'Kanner nach méi verluer a mir sinn nach méi verluer. Ganz schlëmm. Wa mir e Kand iwwerfuerdere mat sou engem Thema, wann d'Kand ze kleng ass, da versteet et guer näischt méi."

Et wier wichteg, d'Froe vun de Kanner vu Klengem un ze beäntweren. D'Äntwert muss just un d'Kand a seng Entwécklung ugepasst sinn.

D'Sexualitéit ass nach ëmmer en Tabuthema an eiser Gesellschaft. D'Eltere sollen awer versichen, oppen op esou Froen anzegoen. Et ass nämlech bewisen: Kanner a Jugendlecher, déi gutt opgekläert sinn, schütze sech spéider besser beim Geschlechtsverkéier an hunn eng besser Bezéiung zu hirem eegene Kierper.

Back to Top
CIM LOGO