Diddeleng, Beefort a Veianen. Allen dräi Stied – sou verschidden wéi se och sinn – hunn eppes gemeinsam: eng oppe Schwämm, déi grad elo am Summer ëmmer nees vill Visiteuren ulackelt, fir sech ze erfrëschen a Sport ze maachen.
An der Stater Gemeng, wou déi meescht Leit am Land wunnen, gëtt et bis haut keng esou Schwamm-Infrastruktur ënner fräiem Himmel. Elo schénge sech d'Pläng fir eng oppe Schwämm op der Kockelscheier awer ze konkretiséieren.
Zanter Jore läit de Projet vun enger oppener Piscine nieft dem Futtball-Stadion op der Cloche d'Or an den Tiräng. Elo kéinten d'Pläng awer konkret ginn.
Déi nei Piscine soll tëscht dem Camping an der Sportshal gebaut ginn. Dass de Projet bis haut net esou richteg virukomm ass, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, léich drun, dass ee bis viru Kuerzem nach net all Terraine beieneen hat, déi awer fir de Bau gebraucht ginn.
D'Buergermeeschtesch erkläert:
Elo ass dee Problem geléist, elo si mir an der Planung. Mir hunn dräi Büroe gefrot, fir ons mol Propositiounen ze maachen, eng Etude de faisabilité, wéi a wou een et genau soll implantéieren. Och déi verschidde Voleten, et ass jo ee sportleche Volet, awer och ee Volet Fun dobäi fir d’Kanner. An ech hoffen, dass mir déi Decisioun kënne virum Summer nach huelen.
Schonn 2020 huet d'Stater Gemeng déi éischt Projete beim Ëmweltministère eraginn. Eng éischt Etude wier dann och schonn ofgeschloss, eng weider wier dëst Fréijoer lancéiert ginn.
D'Lydie Polfer:
Fir ze kucken d’Biotopen an eeben och mat den Déieren an der Flora a Fauna, wéi déi wärend engem ganze Joer reagéieren, a mir wäerten alles esou maachen, fir et esou durabel wéi nëmme méiglech ze maachen. An da musse mir natierlech eemol an de Gemengerot goen, fir ze kucken, wat dat kascht, a fir datt de Gemengerot domat kann d’accord sinn.
E konkrete Startdatum fir d'Aarbechte vun der Stater oppener Schwämm gouf bis elo nach net genannt. Aktuell hofft d'Stater Buergermeeschtesch Mëtt nächst Joer mam Chantier kënnen unzefänken.