Ronn 40 Memberen huet de Veräin zu Useldeng. Zu hinnen zielen och de Pit Mootz an den Tim Urbany. Mat hiren 20 respektiv 19 Jor sinn déi zwee Pilote voller Begeeschterung fir Segelfligeren. Béid Piloten notzen dann och all fräi Minutt, fir mam Segelfliger an d'Loft ze goen.
Während de Pit Mootz säin éischt Joer a sengem Ingenieur-Studium op der Uni zu Innsbruck hannert sech huet, hofft den Tim Urbany zu München kënne vum Hierscht un d'Schoulbänk ze drécken. Als Loft- a Raumfaartingenieur wëll dee jonke Mann spéider säi Geld verdéngen.
Mam CLVV, dem Cercle Luxembourgeois de Vol à Voile, gëtt et ee Segelfligerclub hei am Land. Zu Useldeng ass d'Piste, déi ronn 1 Kilometer laang ass. Tëscht e puer Minutte bis hin zu e puer Stonne kann e Fluch mam Segelfliger an der Luucht daueren. Ofhängeg ass dëst vun der Thermik, déi deen Ament an der Luucht ass.
Vum Seel aus starten. Dat wär e ganz spezielle Kick, sou déi zwee Lëtzebuerger. Hei geet et mat 120 Kilometer an der Stonn an innerhalb vun e puer Sekonnen an d'Luucht.
Souwuel den Tim Urbany wéi och de Pit Mootz kënne sech gutt virstellen, spéider emol haaptberufflech als Pilot bei enger Airline ze schaffen. Zwee Joer dauert d'Formatioun ier een d'Lizenz zum Fléien an der Täsch huet.
Bis dohinner wäert een déi zwee Kollegen nach dacks hei uewen zu Useldeng gesinn, wa se hir Ronnen an der Loft dréinen.