Wéinst Ëmgang mat ëffentleche SuenPirate Goergen a Clement kréien Deel vun der Deputéierte-Pai gestrach

François Aulner
D’Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen gi vun der Chamber sanktionéiert. Dat nodeems de Rechnungshaff an engem Spezialrapport festgehalen huet, datt béid Suen, déi se fir hir Aarbecht als Deputéiert zegutt haten, fir Aktivitéite vun hirer Partei benotzt hunn.
De Sven Clement an de Marc Goergen wärend enger Pressekonferenz.
© RTL-Archiv

Ewéi de Chamberpresident Claude Wiseler en Dënschdeg de Mëtteg matgedeelt huet, kritt de Sven Clement fir ee Mount ee Véierel vu senger Indemnitéit als Deputéierte gestrach. De Marc Goergen gouf esouguer méi streng bestrooft a kritt fir zwee Méint een Drëttel gestrach. Donieft gouf en ëffentleche "Blâme" géint hie gesprach. De Sven Clement krut iwwerdeems ënnersot, ee Mount laang un offiziellen Delegatioune vun der Chamber deelzehuelen.

D’Chamber-Presidentekonferenz huet sech un de Recommandatioune vum Comité consultatif sur la conduite des députés orientéiert.

"Mir goufe lescht Woch doriwwer informéiert a mir sinn och net an Appell gaangen", sot de Marc Goergen no der ëffentlecher Annonce géintiwwer RTL. "Mir hunn dat ugeholl, wéi Der elo sot. Mir hunn d'Kreditter un d'Partei verginn, déi mer net hätte sollte verginn. Et ass awer integral, zumindest op deem dote Punkt, et ass ëmmer alles zréckkomm. Dat war deemools falsch a mir stinn och dozou. Dofir hu mer och déi Strofen esou akzeptéiert, wéi mer se leo kruten."

Extrait Marc Goergen

Déi Sanktioune betreffen den Ëmgang vun de Piraten-Deputéierte wärend der Legislaturperiod vun 2018 bis 2023. Et handelt sech ëm en aneren Dossier ewéi dee vun der Malt-App, déi och Sujet vun engem anere Spezialrapport vum Rechnungshaff war. Hei sinn d’Konsequenzen nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO