
Et handelt sech dobäi ëm multifunktionell Maschinne vum Typ Airbus H145M, déi am Kader vun den NATO-Bedeelegunge vun der Arméi kaf ginn, awer och solle vun der Police kënne benotzt ginn.
Dës Maschinne sinn awer net déi selwecht, wéi déi mat deenen d'Air Rescue den Ament flitt. D'Air Rescue huet de Modell MD-902 Explorer, deen ewell Mëtt den 1990er Jore fir d'éischt vum Fligerconstructeur McDonnell Douglas zougelooss gouf.
Duerfir brauchen d'Piloten, déi op den neie Militärhelikopteren wäerte fléien, och e spezifeschen Training, de sougenannten "type-rating". Dat schreift de grénge Minister fir bannenzeg Sécherheet a fir d'Defense François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Gilles Baum a Max Hahn.
Am Kontrakt mat Airbus ass esou en Training fir 10 Piloten ewell dran, dat nieft ënnert anerem engem Stock vun Ersatz-Stécker fir d'Helikopteren. De Minister kéint den Deputéierten allerdéngs net matdeelen, wat d'Käschte fir dës Formatioun ausmaachen, wéinst kommerzieller Confidentialitéit, déi Airbus fuerdert.
D'Maschinne kaschten zesumme 24 Milliounen Euro, hiren Ënnerhalt dräi Milliounen Euro d'Joer. D'Exploitatioun vun den neien Helikopteren geschitt, op Basis vun enger ëffentlecher Soumissioun, nees duerch d'Duechtergesellschaft vun der Air Rescue, d'Firma "Luxembourg Air Ambulance", déi eng hallef Dose Learjetten am Service huet.
D'Airbus-Helikopteren H145M si relativ rezent: eréischt viru véier Joer krut d'Bundeswehr déi éischt Maschinnen geliwwert. Nieft Däitschland wäerten d'Airbus-Helikopteren an England, Thailand, Ungarn a Serbien verkaf ginn. Si kënne maximal 11 Leit transportéieren.