Walen 2018PID reklaméiert 5.000 Euro, Piratepartei reagéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Partei fir integral Demokratie PID reprochéiert der Piratepartei, sech net un d'Ofkommes fir d'Chamberwahlen 2018 ze halen.
© RTL-Archiv

Déi zwou Parteie ware fir d'Wale mat gemeinsame Lëschten ugetrueden.

An engem Communiqué schreift d'PID e Freideg, si hätt der Piratepartei an deem Kader 5.000 Euro als Ënnerstëtzung ginn - ënnert der Konditioun, datt dës Suen zeréckbezuelt géife ginn, wann 2 Prozent vun de Wielerstëmmen erreecht géife ginn.

Iwwerdeems hätten d'Piraten an d'PID an engem Kontrakt festgehalen, d'PID géif en Deel vun der Parteiefinanzéierung kréien, wann een op 2 Prozent géif kommen.

Bis elo hätt d'PID awer nach kee Cent vun der Piratepartei kritt, obwuel se d'Parteispëtzt ëmmer nees duerno gefrot hätt.

Piratepartei reagéiert

D'PID hätt effektiv 5.000 Euro als Partei matbruecht fir d'Chamber- an EU-Walen. D'Piraten eng ronn 100.000 Euro.

Elo géinge béid Parteien op de Remboursement vun der Walcampagne waarden, deen am Gesetz virgeschriwwen ass.

Soubal de Versement do ass, géing d'PID, nodeems de Bilan vun den Ausgaben an der Campagne gezu ginn ass, hire Montant dovun zeréckbezuelt kréien, esou d'Piratepartei an hirer Stellungnam.

Een ageschriwwene Bréif wier iwwregens ni an hirer Boîte Postale ukomm.

Offizielle Schreiwes vun der PID

Während des nationalen Wahlkampfes 2018, als die PID mit den Piraten kooperierte, hat die PID der Piratenpartei 5'000€ als Unterstützung zukommen lassen. Diese 5'000€ sollten nach den Wahlen 2018 an die PID zurückgezahlt werden, falls die nötigen 2% der Wählerstimmen erreicht würden, was auch der Fall war.

Auch sollte ein vertraglich festgelegter Prozentsatz der Parteienfinanzierung, die die Piratenpartei aufgrund des Erreichens der 2% Wählerstimmen erhalten würde, an dir PID weitergeleitet werden.

Bis dato (2.10.2019) hat die Piratenpartei ganz genau "0,00€" an die PID überwiesen.

Die PID hat mehrmals, und auf verschiedenen Wegen, die Parteileitung der Piraten aufgefordert, die geschuldeten Gelder zu überweisen. Am 20.9.2019 hat die PID den Piraten diesen eingeschriebenen Brief geschickt, um ihnen mitzuteilen, dass wir nun nicht mehr hinnehmen werden, von ihnen ignoriert zu werden, und dass wir die geschuldeten Gelder, die uns laut Kooperationsvertrag zustehen, und die 5'000€, die wir ihnen für den Wahlkampf 2018 vorgestreckt haben, (zurück)haben möchten.
Zumindest die 5'000€ sollten sie uns ohne weitere Verzögerung überweisen.
Das Einschreiben wurde von den Piraten bis dato (2.10.2019) nicht vom Postbüro abgeholt.
Wir würden es sehr bedauern, wenn wir weitere Schritte unternehmen müssten, um an die uns geschuldeten Gelder zu kommen.

Back to Top
CIM LOGO