Éischt EstimatiounPIB fält am 1. Trimester 2020 op ee Joer gekuckt ëm 0,2%

RTL Lëtzebuerg
De PIB fält fir dat éischt Trimester vun 2020 am Verglach mat zejoert ëm 0,2 Prozent an ëm 2,9 Prozent am Verglach mam leschten Trimester.

Dat sinn éischt Estimatiounen, déi de Statec e Méindeg de Moie matgedeelt huet.

Wann een d'Bruttoinlandprodukt an den eenzele Secteure kuckt, da gesäit een, dass den Ëmsaz vun de Finanzaktivitéiten an den Assurancen ëm 2,9 Prozent ofhëlt. Am Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun ass et e Minus vu 5,4 Prozent, an de Services aux entreprises et Location e Minus vu 6,1 Prozent. D'Immobilië bleiwen am Plus mat 1,3 Prozent, d'Industrie, dozou gehéiert Energie a Waasser, schreiwen e Minus vun 3,4 Prozent, am Bau ass et Minus 3,3 Prozent an an der Administratioun publique ass et e Minus vun 0,3 Prozent.

Natierlech sinn déi meescht Réckgäng duerch d'Coronavirus-Pandemie z'erklären.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO